Öffentliche Aktionen

Aktion Marche Gourmande Mäerzeg
Beschreibung D'Gemeng Mäerzeg ënnerstëtzt d'Marche Gourmande Mäerzeg a.s.b.l. de 19. Mee 2019 mat engem FAIRTRADE-Stand wou d'Participanten vun der Marche Gourmande sech kënne stärken mat enger Banann aus dem fairen Handel an d'Kanner kréien ee Stéck Fairtrade-Schokela. Den Tour vun der Marche Gourmande féiert iwwer 13 km duerch d'idyllesch Natur vun der Gemeng Mäerzeg wou dir an 8 Etappen kulinaresch a musikalesch beschtens versuergt gitt. Ee Sprangschlass fir eis Kleng a soss nach puer Iwwerraschungen sinn och um Rendezvous. Den Départ ass am Centre Turelbaach. Duerno geet et weider iwwer d’Haard, de Walzebierg Richtung Dellen an dann duerch d’Maescheierchen an de Schwarzebur zréck an den Centre Turelbaach. De Parcours ass eng interessant Mëschung aus Bëschweeër, Feldweeër an Asphalt, deen ouni Problem mat enger Trailkutsch gemaach ka ginn.
Organisation MGM asbl / Gemeng Mäerzeg
Startdatum 19.05.2019
Enddatum
Kontaktperson Mike Poiré
Emailadresse mike.poire@mertzig.lu
Telefon 838244-1
Straße, Hausnr. Rue Principale 22
PLZ 9168
Ort Mertzig

Zurück