Actions publiques

Action Babbel a Krabbel Picknick
Description De Babbel a Krabbel invitéiert all Famill mat Kanner op ee flotte Fairtrade Picknick zu Bettenduerf op der Spillplaz (mat Chalet) bei der Sauerbréck. Fairtrade-Kaffi, -Téi, Schokolasmëllech, Jus a Bio-Mëllech steet fir ee klengen Don zur Verfügung. Wee wëll kann Kuch oder Taart (am beschte mat Fairtrade-Produkter) matbrenge fir ze deelen. Déi grouss kënne Boule spillen, déi kleng sech op der Spillplaz ameséieren oder mam Ball an der Wiss spillen. Et ass och eng Sandkaul mat Waasserspiller do. Besonnesch invitéiert sinn all déi Elteren, déi mat hiere Kanner zënter 2010 op Dikrech an de Babbel a Krabbel komm sinn oder nach ëmmer kommen. Awer och all aner Famill ass häerzlech wëllkomm! eng Umeldung ass erwënscht: Umeldung: per Telefon (4 47 43-340) oder per Email (info@ewb.lu) Participatioun ass gratis, e klengen Don ass wëllkomm oder eng Taart oder Kuch fir ze deelen.
Organisation ErwuesseBildung
Date de début 13.05.2017
Date de fin
Contact Laure Simon
Téléphone 691 804082
Adresse email laure.simon@ewb.lu
Rue rte d'Eppeldorf
CP 9353
Ville Bettendorf

Retour