Actions publiques

Action Fairtrade-Grillnomëtteg mat Floumaart
Description Am Kader vun der Aktioun „Lëtz´ Step to Fairtrade“ organiséiert de Jugendtreff Norden ee Fairtrade-Grillnomëtteg mat klengem Floumaart fir Grouss a Kleng. Dës Manifestatioun ass Samschdes, den 13. Mee vu 14:00 bis 18:00 Auer zu Housen beim Jugendbus, der mobiller Fairtrade-Zone vum Jugendtreff Norden. (Standort vum Bus: hannert dem Camping) Niewent dem Secondhandbazar geet et bei dësem Nomëtteg och ëm de Verkaf vu regionalen a fair gehandelte Produit´en, dëst a Form vun engem gudde Cocktail aus der Fairtrade-Juice-Bar oder engem Uebstspiiss aus bekannte Fairtradeprodukter. Géint de groussen Honger gëtt et eppes Guddes vum Grill, natierlech och hei vum Metzler aus der Regioun. Fir de musikaleschen Deel suergen d´Young So(u)ls, ënner anerem mat hirem Fairtrade-Song. Um Site www.jsic.lu fannt dir weider Informatiounen zu dësem Nomëtteg. Bei Froe kënnt dir äis och gären ënnert de Nummeren 99 80 18 oder 621 50 50 81 kontaktéieren.
Organisation Jugendtreff Norden
Date de début 13.05.2017
Date de fin
Contact Daniel Strecker
Téléphone 998018
Adresse email direction.jsic@elisabeth.lu
Rue 24, rue de la Gare
CP 9906
Ville Troisvierges

Retour